Kontrolle vun der Police170 Leit hu sech net un d'Mesurë gehalen an hu misse bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht Woch huet d'Police am ganze Land ronn 330 Kontrollen am Kader vum Anhale vun de gesetzleche Covid-19-Mesurë gemaach.

Haaptsächlech gouf gekuckt, ob sech op d'Reegel vun der Ausgangsspär gehale gouf. Eleng an deem Kader goufen et 280 Kontrollen. Ma och déi sanitär Konzepter a Supermarchéen an Usammlunge vu Mënsche goufe kontrolléiert.

170 Persoune hu missten eng Verwarnung bezuelen, dovun ongeféier 90%, well sech net un de Couvre-Feu gehale gouf.

A siwe Fäll gouf sech net un déi sanitär Virschrëfte gehalen an dat gouf och den zoustännegen Autoritéite signaliséiert.

Back to Top
CIM LOGO