
Fluessweiler ass niewent Tandel déi Gemeng, wou pro ageschriwwenem Wieler déi meescht Leit ouni Lëtzebuerger Nationalitéit hir Kräizer gemaach hunn. Niewent der normaler Pre-Inscriptioun, déi een als auslännesche Bierger jo muss maachen, fir dierfen ze wielen, ass een zu Fluessweiler nach ee Stéck méi wäit gaangen.
“Do war en Undeel vun zwanzeg Prozent, déi sech déi sech reegelrecht nationaliséiert hunn a carrement Lëtzebuerger gi sinn. Jo an ech géif soen dat wier zeréckzeféieren, op déi gutt Integratiounskommissioun, déi mir hei an der Gemeng hunn.” seet de Corneille Jans vun der Auslännerkommissioun.
18,4 Prozent vun all de Leit déi e Sonndeg zu Fluessweiler, Gouschteng, Beyren, Nidder- oder Uewerdonwen gewielt hunn, ware keng Lëtzebuerger.
Lenneng war iwwerdeems déi Gemeng, wou sech am meeschten Net-Lëtzebuerger opgestallt haten. Vun de 14 Kandidaten haten der 6 net d’Lëtzebuerger Nationalitéit.
Dem Corneille Jans no wier dat gelieften Integratioun: “D’ Zukunft läit doranner, datt mer musse mat eisen, auslännesche Matbierger zesummeliewen, zesummeschaffen an och zesumme feieren.”