Wéinst Bedruch18 Méint Prisong a Geldstrof fir suspendéierte Polizist gefrot

RTL Lëtzebuerg
De Mann géing d'Honorabilitéit net méi erfëllen, fir an der Police ze sinn, a sollt dofir 10 Joer net méi an der Fonction publique schaffe kënnen.
© Pixabay

Ex-Polizist viru Geriicht

Donieft huet d'Vertriederin vum Parquet en Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht 18 Méint Prisong an eng ugemoosse Geldstrof gefrot. Den zanter 2014 suspendéierte Mann vun haut 56 Joer, dee bal 3 Méint an Untersuchungshaft souz, soll tëscht 2009 an 2016 jo ëmmer nees versicht hunn, fir Leit Suen ofzeknäppen.

De Mann hätt mat alle Mëttele probéiert, fir u Suen ze kommen, de Leit Geschichten erzielt an déi dem „Schönschwätzer" der ginn, sou d'Vertriederin vum Parquet. Fir déi de Mann bei Banken hei am Land op d'mannst eng 150.000 € geléint hätt, bei déi Bedruch an Héicht vu ronn 250.000 € dobäi kéim.

Zu där desastréiser finanzieller Situatioun wär et komm, well de Mann hätt missen iwwert d'Ronne kommen a gespillt huet. Engem Psychiater no wär den Ex-Polizist spillsüchteg, ma well hien déi Sucht net géif agesinn, wär keng Behandlung méiglech, sou dass de Pronostic fir d'Zukunft reservéiert wär. De Mann hätt Leit bedrunn, déi hie kannt huet. Si hätten dem Polizist vertraut, hie seng Positioun ausgenotzt, an hie géif och keng Empathie weisen. Et hätt een net d'Gefill, dass de Mann verstanen hätt, huet d'Vertriederin vum Parquet nach gemengt a betount, dass déi ronn 3 Méint am Prisong wuel näischt genotzt hätten, well et och dono nach zu engem Virfall komm wär.

Do virdrun haten eng Affekotin a 5 Parties civiles Schuedenersatz vun am Ganze bal 50.000€ gefrot. Dorënner war eng Fra, déi eleng 30.000 € zréckgefuerdert huet. Si huet de Beschëllegten iwwer 40 Joer kannt, an deen ass och Pätter vun hirem jéngste Meedchen. Ee Moment hätt si e schlecht Gefill gehat, sot d'Fra, wouropshin de Mann geäntwert hätt: „Mengs de, du kéins mir net trauen?" Dono hätt si hien net méi gesinn a kee Su erëmgesinn!

Den Ugekloten huet erkläert, hie wär wéi an enger Aart Trance gewiescht, net méi hie selwer. Et géif him leed doen, Leit ugeschmiert ze hunn, hie géif sech entschëllegen, ma hien hätt Zäit gebraucht, fir z'erwächen.

Dëse Prozess dierft en Donneschden ofgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO