
E Mëttwoch den Owend, géint 17:45, krut d'Police en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Prince Henru zu Heeschdref gemellt. Éischten Erkenntnisser no huet eng mat der Famill reliéiert Persoun festgestallt, dass sech eng bis ewell onbekannte Persoun mëttels Gewalt Zougang am d'Haus verschaaft huet. D'Bewunner vum Haus selwer, waren zu deem Moment an der Vakanz. Ënnert anerem goufe beim Abroch an d'Haus d'Rollluede beschiedegt. De Fall gouf protokolléiert an d'Ermëttlunge goufen opgeholl.
En Donneschdeg de Moie gouf d'Police e weideren Abroch an der Abroch an der Rue du Kiem am Neiduerf an der Stad gemellt. Onbekannt Täter hu sech Zougang an en Eefamilljenhaus verschaaft an hunn ënnert anerem en iPad, sou wéi e MacBook Pro matgoe gelooss. Ermëttlunge goufen opgeholl.
E Mëttwoch am Nomëtteg huet de Sécherheetsservice vun engem Akafszenter um Boulevard FW Raiffeisen zu Gaasperech zwou Persoune gemellt, déi versicht hunn, eng E-Trottinette ze klauen. Nodeem dës awer vum Sécherheetspersonal erwëscht goufen, sinn déi Verdächteg fortgelaf an hunn dobäi ënnert anerem eng Posch, en Handy an eng Zaang zeréck.
Am Kader vun enger Sichaktioun, déi séier ageleet gouf, konnten zwou Persoune gestallt ginn. Beim Duerchsiche vun dëse Persounen, goufen eng Partie Géigestänn séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufen zwee Handye saiséiert, de Fall gouf protokolléiert.