Welcome Day2.000 nei Studenten op der Uni.lu begréisst

Monica Camposeo
16 Joer no hirer Grënnung fokusséiert sech d’Uni.lu virun allem op d’Internationalitéit um Campus.
2.000 nei Studenten op der Uni.lu begréisst
16 Joer no hirer Grënnung fokusséiert sech d’Uni.lu virun allem op d’Internationalitéit um Campus.

Et war e Freideg déi 5. Rentrée um Campus Belval. Déi nei Studenten a Studentinne kruten d’Uni virgestallt an de Campus gewisen. Méi ewéi d’Halschent vun de Studente kommen aus dem Ausland. Ronn 14% esouguer aus engem net-europäesche Land. Iwwer 120 Nationalitéite sinn hei vertrueden.
An der offizieller Ried vum Direkter Stéphane Pallage goung et e Freideg de Moien virun allem ëm d’Erausfuerderunge vun enger méisproocheger Uni. 13 Bachelor- a Masterofschlëss ginn esouguer an dräi Sprooche gehalen. 25 Studiëgäng si komplett op Englesch.

D’Studente si sech och bewosst, datt um Campus méi wéi eng Sprooch geschwat gëtt a fanne genau dësen Aspekt och interessant un hirer neier Uni.

Datt d’Studenten zu Lëtzebuerg net all ze laang feieren, géing och um ëffentlechen Transport leien. De Martin Lecoutère ass President vun der Studentenassociatioun "Conscious and Cultural Student Association" a kennt de Problem. Fir déi Leit, déi zu Esch oder um Belval wunnen, geet et nach, mä fir all déi Studenten, déi enzwousch anescht wunnen, ass et méi schwéier. Si mussen dann eng Plaz fannen, wou se kënne schlofen oder ebe méi fréi heem fueren, soulaang nach e Bus oder den Zuch fiert, sou de Martin Lecoutère.

Wee sech dann elo direkt an d’Studenteliewe stierze wëll, all d’Evenementer fannt dir op der Facebooksäit vun der CCSA.

Back to Top
CIM LOGO