Rout Kräiz2,4 Milliounen Euro Done fir Hëllef fir d'Ukrain

RTL Lëtzebuerg
D'Solidaritéit mat de Leit, déi duerch de Krich vum Wladimir Putin hiert Doheem verléieren, ass nach ëmmer enorm.
Rout Kräiz: 2,4 Milliounen Euro Done fir Hëllef fir d'Ukrain
D’Solidaritéit mat de Leit, déi duerch de Krich vum Wladimir Putin hiert Doheem verléieren, ass nach ëmmer enorm.

Bis Enn d’lescht Woch hat d’Lëtzebuerger Rout Kräiz Donen an der Héicht vun 2,4 Milliounen Euro kritt. Déi Sue ginn zum Deel gebraucht, fir op der ukrainesch-moldawescher Grenz ze hëllefen.

2,4 Milliounen Euro Done fir Hëllef fir d’Ukrain

Do huet d’Lëtzebuerger Croix Rouge scho gehollef, 400.000 Flüchtlingen an enger éischter Phas ze versuergen. D’ONG ass awer net just op der Grenz, mä och an der Ukrain selwer aktiv.

An zwar an der Géigend vun Donezk. Do schafft se schonn zënter 2014, mä hir Hëllef war nach ni sou néideg wéi elo. Déi ukrainesch Regierung huet jo d’Populatioun opgeruff, d’Géigend ze verloossen, well se fäert, datt d’Situatioun änlech schro gëtt wéi zu Mariupol. D’lescht Woch huet d’Lëtzebuerger Rout Kräiz dunn och ugefaangen, 8 Spideeler verstäerkt z’ekipéieren, wéi de Luc Scheer vun der Croix Rouge seet.

“Mat zousätzleche Medikamenter, mat zousätzlechem Material, fir Patienten ze fleegen, an och mat Baatschen a Panneauen, fir provisoresch Reperaturen ze maachen, wann d’Klinicke bombardéiert ginn. Esou datt se och weider kéinte schaffen, wa se géife beschiedegt ginn.”

Eng Situatioun, déi deemno och ëmmer méi geféierlech gëtt, fir d’Mataarbechter vun Hëllefsorganisatiounen. De Luc Scheer schwätzt vun traumateschen Erfarungen, déi si do op der Plaz maachen.

“Et ass eng ganz ganz schlëmm Situatioun an eng ganz grouss Onsécherheet. D’Krichsrecht gëtt all Dag mat Féiss getrëppelt, mä eis Leit bleiwen trotzdeem immens engagéiert. Et ass awer ganz kloer eng immens Belaaschtung an ech hoffen, datt dat heite sou séier wéi méiglech eriwwer ass.”

Bis dohinner gëtt weider gehollef, och mat all méigleche Saachen, déi op der Plaz gebraucht ginn.

Dat ukrainescht Rout Kräiz zentraliséiert Besoinen an da gi se mat Camionen op d’Plaz bruecht. E Méindeg fiert e Convoi vun de Lëtzebuerger a Mazedonien fort, 5 Camione mat deem, wat grad am Néidegsten ass.

“Si liwweren dat, wat ugefrot ass. Den Ament also ganz ganz vill Hygiènesmaterial, medezinescht Material, mä awer och Iessen, well och dat ass ëmmer méi schwéier ze fannen.”

Déi aner Woch wëll d’Lëtzebuerger Rout Kräiz zwee Camionen a Moldawien schécken an dann 3 Camionen all 14 Deeg op Donezk.

Back to Top
CIM LOGO