Een Accident an ee BrandUm Sonndeg den Owend goufen zwou Persoune verwonnt

Andy Brücker
Ee Motocyclist war gefall an et gouf e Vegetatiounsbrand
© Laurent Weber

E Sonndeg den Owend géint 18:20 Auer ass op der B7 tëscht Schieren an Ettelbréck e Motocyclist gefall. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Colmer-Schieren an eng Ambulanz aus der Nordstad.

Géint 20:30 Auer gouf et um boulevard Charles de Gaulle zu Esch e Vegetatiounsbrand. Pompjeeë vun Esch, Monnerech, Rëmeleng a Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz fir ze läschen. Eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng huet sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO