Joresrapport vu Luxair 2,6 Millioune Passagéier sinn zejoert op engem vun de ronn 30.000 Flich transportéiert ginn

Roy Grotz
De globalen Ëmsaz bei der nationaler Airline ass vun 801 Milliounen op ronn 787 Milliounen erofgaangen, dat am 1. Joer ouni Cargo-Aktivitéiten.
© Luxair

Manner Vollen, mee eng stabel Zuel vu Passagéier: sou kucken d'Responsabel vu Luxair zréck op zejoert.
Alles an allem sinn 2,6 Millioune Passagéier op engem vun de ronn 30.000 Flich op hir Destinatiounen transportéiert ginn. Dat waren eng 1.000 Vollen manner wéi 2024.

De globalen Ëmsaz bei der nationaler Airline ass vun 801 Milliounen op ronn 787 Milliounen erofgaangen, dat nodeems d'Cargo-Aktivitéiten zanter zejoert net méi mat afléissen. Et befënnt ee sech an engem "schwierege geopoliteschen Ëmfeld", wéi et offiziell vun der Airline heescht. Entspriechend geet och de Boni vun 10,5 Milliounen op 9,2 Milliounen erof.

© Luxair

Markéiert gouf d'Joer 2025 fir d'Luxair natierlech duerch d'Liwwerung vum éischten neien Embraer - dëst Joer sollen 3 weider där Fligeren an d'Flott integréiert ginn, grad wéi och zwou nei Boeing 737-8 an den Asaz kommen.

Och dëst Joer huet d'Luxair ënner schwierege Konditioune missten ufänken, sou datt een ënnert dem Budget läit, deen ee sech fir dat éischt Trimester ginn hat. D'Kris am Noen Osten an de Krich am Iran hunn dann och weider Repercussiounen op d'Fluchzäiten, d'Disponibilitéit vum Kerosin an d'Gestioun vum Loftraum.

D'Luxair wëll dann och an Zukunft op aner Airlines zeréckgräifen, fir all d'Destinatioune weider kënnen unzefléien an d'Offer fir hir Cliente kënnen ze garantéieren.

Aktuell ginn et bal 100 Luxair-Destinatiounen an 32 Länner. D'Top-5-Ziler si Portugal, Groussbritannien, Éisträich, Italien a Frankräich.

Ronn 2.000 Leit schaffen aktuell fir d'Luxair.

De Lëtzebuerger Staat hält aktuell 39% vun de Parte bei der Luxair an ass duerch d'héich Beamten Angèle Da Cruz a Vénéré Dos Reis am Verwaltungsrot vertrueden, dee weider vum Giovanni Giallombardo geleet gëtt.

D'Spuerkeess hält 22Prozent vun de Parten un der Luxair an huet mat Françoise Thoma an Doris Engel zwee Memberen am Verwaltungsrot.

PDF: Rapport annuel 2025

Back to Top
CIM LOGO