
Am Ranking gëtt gekuckt, wéi wäit d'europäesch Länner d'Rechter vun der LGBTIQ+Communautéit promovéieren. A siwe verschiddene Kategorië gëtt d'Analys gemaach, dorënner Egalitéit & Net-Diskriminéierung, Famill, Discours & Haassverbriechen, gesetzlech Unerkennung vun der Geschlechtsidentitéit, Protektioun vun intersexuelle Persounen, Raim fir Organisatioune vun der Société civile an Asyl.
Mat der 10. Plaz confirméiert Lëtzebuerg sech als progressive Staat, heescht et vum Ministère. D'Ministesch Yuriko Backes erënnert an deem Kontext drun, datt de Kampf fir d'Rechter vun der LGBTIQ+-Communautéit weidergeféiert gi muss. Am Juni 2025 gouf dowéinst och en nationale Plang mat Mesuren, wéi dem Verbuet fir Conversiounstherapien ausgeschafft.
Déi éischt dräi Plaze vum ILGA Europe Ranking 2026 sinn u Spuenien, Malta an Island gaangen.