
E Samschdeg de Moien um 4.30 Auer gouf e Mann a Clausen vun zwou Persounen beklaut. D'Täter haten d'Affer an e Gespréich verwéckelt an et ofgelenkt, an hunn dobäi den Handy a Boergeld matgoe gelooss. Duerno hu sech béid Persounen duerch d'Bascht gemaach. D'Police konnt béid Täter awer kuerz drop fannen. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl a virun den Untersuchungsriichter bruecht.
En Iwwerfall gouf et dann nach e Sonndeg am Nomëtteg op der Place de la Gare an der Stad. En Täter huet engem Mann hei mat Gewalt d'Kette vum Hals gerappt an ass duerno a Richtung Bouneweg geflücht. Eng Policepatrull konnt den Tatverdächtegte méi spéit nees op der Gare untreffen a festhuelen.
Eng weider Festnam war et e Samschdeg dann nach wéinst engem Autosaccident zu Kleng Elchert ginn, deen der Police gemellt gouf. En Automobilist war hei an eng Kannerkutsch gerannt, mat där zwou Persounen ënnerwee waren. D'Kand gouf mat engem gebrachene Been an d'Spidol bruecht. Wéi sech erausstelle sollt, war de Chauffer ënner Alkoholafloss gefuer. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl an den Auto saiséiert.