
De 25. Dezember 2021 war zu Rëmerschen an engem klenge Bësch an de Wéngerten, eng 20 Meter vun enger Strooss ewech, eng männlech Läich fonnt ginn. Dës war just liicht bekleet an hat näischt dobäi, sou datt d'Identitéit net direkt konnt festgestallt ginn. Kee Portefeuille, keng Schong an net emol d’Gebëss hat se am Mond. "Et war schonn esou, dass alles gemaach gouf, dass mer näischt konnte retracéieren", sot den Enquêteur vun der Police. Bannent zwee Joer wier een dann als Police laanscht divers Piste gerannt. D'Identitéit vum Mann konnt net gekläert ginn. Just esou vill war gewosst: Friemawierkung hätt kënnen als Doudesursaach ausgeschloss ginn. Kloer war awer och, dass d’Läich muss dohi bruecht gi sinn.
Eréischt den 30. November 2023 koum et zum decisiven Ament an der Enquête. De Stagiaire bei der Police sollt oppe Vermësstemeldungen nach eng Kéier op de Leescht huelen. Dobäi ass opgefall, dass den 12. Februar 2022, also zwee Méint nodeems d'Läich zu Rëmerschen fonnt gi war, eng Vermësstemeldung gemaach gi war, an där offiziell nom 82 Joer ale Cousin vum Ugeklote gesicht gouf. Wou den Ugeklote vun der Police kontaktéiert ginn ass an nom Vermësste befrot gouf, hätt hien onnatierlech reagéiert. Well se iergendwéi skeptesch gi sinn, hunn d'Beamten eng Foto vun der Carte d'Identité vum Vermëssten ugefrot, an dës mat der Läich verglach. No zwee Joer konnt de Mann schliisslech als Cousin vum Ugekloten identifizéiert ginn.
Den (haut) 49 Joer alen Ugekloten hat mat senger Partnerin, dräi Kanner, engem erwuessene Jong, sengem Schwéierpapp a sengem Cousin zesummegewunnt. Respektiv waren dës all bei him am Haus gemellt. Zanter 2015 huet den Ugekloten net méi geschafft, an och seng Fra hat hir Aarbecht krankheetsbedéngt kuerz dono opginn. Et war de Cousin, deen en Zëmmer am Haus hat, an dee mat senger Rent d'Famill iwwer Waasser gehalen huet. Den 11. Dezember 2021 huet den Ugeklote säi Cousin awer dout a sengem Bett fonnt. Fir d'éischt huet hien d'Heizung erofgedréint a bannent zwou Wochen ass hien nach Iessen erofdroe gaangen an huet de Fernsee un- an ausgemaach, fir ze maachen, wéi wann alles an der Rei wier. No dëser Zäit war him awer kloer ginn, dass hie misst eppes maachen. "Wou hie gestuerwen ass, war bei mir just nach d'Iwwerleeung: 'wéi iwwerliewe mir elo'", sot den Ugekloten e Méinden de Mëtteg virun de Riichter.
Hien huet säi Cousin also an zwou grouss Tute gepaakt. fir en an d'Wéngerten zu Rëmerschen ze féieren. An esou huet d'Famill weiderhin d'Pensioun vum Verstuerwene kasséiert, wat méiglech war, well den Ugekloten eng Procuratioun fir de Kont hat. Wärend der Enquête spéider war dann och erauskomm, dass et sech beim Verstuerwenen net ëm de Cousin vum Ugeklote gehandelt huet, mee ëm säi Papp. Eng méiglech Erklärung dofir, dass dëse sengem Bouf och zu Liefzäite finanziell ënnert d'Äerm gegraff huet.
Den 28. November 2024 gouf den Ugekloten da festgeholl. Hien hätt direkt ugefaange mat Kräischen an en Aveu gemaach, huet den Enquêteur ënnerstrach. De Montant, deen den Ugekloten der Pensiounskeess (Cnap) elo muss zréckbezuelen, beleeft sech op 120.000 Euro. Den Affekot vum Ugekloten huet ënnerstrach, dass säi Mandant "mat alle Mëttel seng Famill wollt protegéieren", déi am soziale Misär gewiescht wier. Hien hätt an engem Effekt vu Panik reagéiert. Falls d'Geriicht eng Prisongsstrof géing spriechen, sollt dës mat integralem Sursis sinn, sou den Affekot. De Procureur huet awer betount, dass d'Famill mat deene Suen och zwee Mol baussent Europa an d’Vakanz geflu wier. Ausserdeem géing den Ugeklote keng éierlech Regrete weisen. De Procureur huet dofir eng fest Prisongsstrof vun 2 Joer an 8 Méint gefrot an eng ugemoosse Geldstrof. Den Affekot vun der Partie civile, deen d'Pensiounskeess vertrueden huet, huet ënnerstrach: "Eng ganz Famill huet um Bockel vun der Victime gelieft. D'Tribunal soll déi schlëmmste Peine fir den Ugeklote schwätzen, an zwar, en dozou verurteelen, schaffen ze goen". Bis haut schafft den Ugekloten nämlech net.
Wärend dem Prozess war den 49 Joer alen Ugeklote vum virsëtzende Riichter direkt e puer mol gefrot ginn, ob en eppes wéilt zu der Affär soen. Ëmmer sot hien Nee. Bis ganz um Schluss, wou de Riichter sot, dass et elo seng lescht Méiglechkeet wier, koum en "ech probéieren". "Ech hunn et net richteg gemaach. Ech hätt kënne ganz anescht iwwerleeën. Mee dat ass net ëmmer ganz einfach bei mir", fänkt hien hunn. Hie géing elo esou séier wéi méiglech versichen eng Aarbecht ze fannen, fir alles zréckzebezuelen. Hie wéilt sech elo och bei der Adem aschreiwen. Nodeems de Mann amgaange war mat schwätzen, sinn him d'Wierder da méi liicht komm. De Riichter huet hie gefrot, wisou hien d'Läich op genee déi Plaz zu Schengen bruecht huet. Hien hätt d'Plaz net kannt, sou den Ugekloten. A weider: "Mäi Cousin wollt am grousse Ganze mat kengem eppes ze dinn hunn. E wollt net op engem Kierfecht begruewe ginn." Et wier awer alles e risege Feeler gewiescht an hien hätt just un dat finanziellt geduecht.
D'Urteel an dëser Affär gëtt den 11. Juni gesprach.