
Op der Plaz waren de SAMU Luxembourg 2, d'Pompjeeën aus der Stad an de Chef de peloton du Groupement Bockfiels.
Géint 16.25 Auer sinn en Auto an e Moto an der Avenue Guillaume an der Stad a Richtung Albert 1 kollidéiert. Eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn. Am Asaz waren d'Pompjeeën aus der Stad.
Zu engem Feier koum et géint 15:47 zu Ettelbréck an der Avenue J-F. Kennedy. Blesséiert gouf dobäi keen. D'Pompjeeën vun Ettelbréck, Angelduerf an Dikrech an de Chef de peloton du Groupement Nordstad ware sur place.