
Kuerz no 1 Auer war zu Esch en Auto an e Bam gerannt, sou fest, dass dësen an d’Strooss gefall ass. Den Alkoholtest war positiv, de Führerschäin fort.
Och bei engem Accident e Samschdeg den Owend géint 19.15 Auer zu Hesper war ze vill Alkohol am Spill. En alkoholiséierte Chauffer hat d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass op der Géigebunn frontal an en aneren Auto gefuer. Och hei gouf de Führerschäin agezunn.
Am Ganze mellt d’Police 7 Automobilisten, déi zanter e Samschdeg de Mëtte gefuer sinn, obwuel se ze vill gedronk haten an Accidenter ausgeléist hunn, respektiv duerch hire Fuerstil opgefall sinn, déi aner ware beim Potaschbierg, zu Schengen, wou och eng Persoun liicht blesséiert gouf, zu Péiteng an zu Rëmerschen.