CGDIS2 Accidenter kuerz virun Hallefnuecht - 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Géint 23.40 Auer e Samschdeg den Owend gouf et en Accident tëscht Uewerpallen a Biekerech, bei deem eng Persoun blesséiert gouf.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Biekerech an d'Ambulanz vu Réiden. Weider Detailer feelen.

Kuerz virun Hallefnuecht ass op der A4 tëscht Märel an dem Zéissenger Kräiz en Auto an d'Leitplanke gerannt. D'Stater Pompjeeë sinn op d'Plaz gefuer. Et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO