CGDIS2 Accidenter um Mëttwoch de Moien, 6 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
An der Bouneweger Strooss op der Stater Gare sinn de Mëttwoch de Moie 7.15 Auer en Auto an eng Camionnette net laanschtenee komm.

Kuerz virun 10 sinn dann 3 Autoen am Rond-point Irgäertchen aneneegerannt. Wéi gesot goufe bei béiden Accidenter allkéiers 3 Persoune verwonnt.

Um Dënschdeg Owend

Géint 19 Auer en Dënschdeg den Owend koum et zu Bieles an der Rue du Chemin de Fer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Géint 19.40 Auer ass zu Dikrech an der Rue Clairefontaine en Auto op d’Kopp geroden. Den Automobilist hat d’Kontroll iwwer säi Won verluer, ass an zwee stationéiert Gefierer gerannt an huet sech dono iwwerschloen. Wéi de CGDIS mellt, war och de Samu am Asaz. De blesséierten Automobilist gouf an d’Spidol bruecht. Den Alkoholtest war positiv.

Back to Top
CIM LOGO