
Ënner Alkoholafloss war e Sonndeg den Owend géint 22.40 Auer ee Chauffeur an der Route de Gilsdorf zu Dikrech ënnerwee, wéi e beim Ofbéie mat sengem Auto an e Verkéiersschëld an e Gelänner gerannt ass. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn an ee provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.
Géint 23 Auer gouf et dann nach an der Route de Zoufftgen zu Diddeleng ee weideren Accident mat Materialschued. Eng Automobilistin hat d'Kontroll iwwer hiert Gefier verluer a war an eng Trap an an eng Mauer vun engem Haus gerannt. Den Auto ass nach ca. 100 Meter weider gefuer, ier en un d'Stoe komm ass. Och hei war den Alkoholtest positiv. D'Fra krut e Protokoll, de Führerschäin konnt se allerdéngs behalen.
Wéi de CGDIS mellt, gouf et e Méindeg de Moien nach eng Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Bieles an der Rue de l'Usine. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Weider gouf et kuerz viru Mëtteg en Accident an der Näerzengerstrooss zu Biergem tëscht engem Auto an engem Motorrad, hei gouf eng Persoun verwonnt. Och verwonnt gouf eng Persoun zu Märel, wéi an der Lonkecherstrooss zwee Ween net laanschtenee koumen. Op der B7 tëscht Angelduerf an Ettelbréck hat et du gerappelt, wéi och um Käler-Potto Richtung Esch. A béide Fäll hate sech zwee Ween ze pake kritt, de CGDIS mellt awer hei keng Blesséiert.