CGDIS2 Blesséierter bei 2 Accidenter an e Feier zu Beidler

RTL Lëtzebuerg
Accident mat engem Blesséierte an der Nuecht op en Dënschdeg géint 4.20 Auer op der A13 Direktioun Schengen op der Héicht vun der Sortie Biereng.
© RTL-Archiv

Zwee Autoen waren aneneegerannt.

Géint 21.15 Auer e Méindeg den Owend hate sech op der Neier Bréck an der Stad zwee Ween ze pake krut. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Weider mellt den 112 ee Feier. Zu Beidler, um Wangert, hat et géint 4.30 Auer an engem Eefamilljenhaus gebrannt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Jonglënster, Konsdref a Hiefenech. Wéi et heescht, wier kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO