CGDIS2 Blesséierter bei 2 Accidenter um fréie Samschdegowend

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.40 Auer waren tëscht Viichten a Biissen 2 Autoen net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf bei deem Accident blesséiert.
© CGDIS

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Viichten an Ettelbréck, grad ewéi d'Ambulanz vun Ettelbréck.

Kuerz no 18 Auer ass an der rue de Remich zu Bech-Maacher e Motocyclist mat senger Maschinn gefall a gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Réimech a Schengen waren am Asaz, grad ewéi déi Réimecher Ambulanz.

Back to Top
CIM LOGO