CGDIS2 Blesséierter bei Accident um Mëttwochowend

RTL Lëtzebuerg
4 Autoe sinn e Mëttwoch géint 18.30 Auer op der A3 Richtung Metz anenee gerannt. 1 Persoun gouf dobäi verwonnt.
© CGDIS

Geschitt ass den Accident op der Héicht vu Léiweng - Beetebuerger Kräiz. D’Pompjeeë vu Beetebuerg a Réiser waren am Asaz, grad ewéi d’Beetebuerger Ambulanz.

1 Blesséierte gouf et och bei engem Accident kuerz no 17.30 Auer zu Schuller an der Route de Longwy. Hei waren 2 Autoe kollidéiert. D’Pompjeeë vun Dippech an d’Ambulanz vu Péiteng goufen op d’Plaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO