CGDIS2 Blesséierter bei engem Accident an e Brand an engem Kamäin

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.40 Auer e Sonndeg den Owend war um CR226 tëscht Izeg a Conter en Auto an de Gruef geroden.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Zwou Persoune goufen hei blesséiert. Zwou Ambulanzen an de Samu aus der Stad waren op der Plaz.

Um 8.05 Auer e Méindeg de Moien hat dann zu Kruuchten am Huele Wee e Kamäin gebrannt. D’Pompjeeë vun Noumer, Biissen an aus der Nordstad waren hei an den Asaz geruff ginn. Blesséierter goufen et keng.

Um kuerz virun hallwer 5 e Méindeg koum op der N11, Brennerei a Richtung Waldhaff zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO