Iwwert de Weekend2 Doudesaffer, 1.923 Neiinfektioune bei 5.619 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 1.923 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg sinn zwou Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.006.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 1.923 positiv Fäll bei 5.619 Tester. E Freideg goufen 1.062 Persoune positiv getest, e Samschdeg waren et der 837. 24 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert.

E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 4,56 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 3,48 op 100.000.

Den Ament sinn 31 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.270.923 Impf-Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO