Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Doudesaffer, 829 vun 2.491 Tester positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.058 geklommen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner ass ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.278.651 Impfdosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO