
40 Lycéeën, 170 Formatiounen a sëllege Servicer vum Educatiounsministère ginn op der 2. Editioun vun der “Youth, Education, Professions"-Foire an der LuxExpo presentéiert. D’Schoulfoire ass geduecht fir déi, déi nach an der Primärschoul sinn a virun der grousser Entscheedung stinn, a wat fir ee Lycée se ginn a wat déi eenzel Lycéeë vu Beruffer ubidden, déi ee léiere kann.
En Dënschdeg ass d’Foire iwwerdeems méi laang op, wéi e Méindeg an e Mëttwoch. Da kënnen d’Kanner bis 18.30 Auer mat den Elteren an d’Enseignanten op d’Foire goen.
Donieft ass e Méindeg och Léierplazendag zesumme mat RTL op der Schoulfoire. D’lescht Joer war déi 1. Editioun vun der Schoulfoire mat iwwer 10.000 Visiteuren.
De ganze Programm vun der “YEP Schoulfoire” fannt Dir op hirem Site.