Munneref a Lampertsbierg2 Frae kruten e Samschdeg hir Kreditkaart geklaut

RTL Lëtzebuerg
Géint 13.30 Auer e Samschdeg krut zu Munneref an der Avenue François Clement eng Fra bei engem Bankomat vun der BGL hir Kaart geklaut.

Den Täter huet se aus dem Bancomat gezunn an ass domat fortgelaf. Héchstwarscheinlech hat hie gesinn, wéi d'Fra hire Code aginn huet, well hie konnt spéider um nämmlechten Automat domat Suen ophiewen. Den Täter ass vu schwaarzer Hautfaarf, dee sech mat engem groe Porsche duerch d'Bascht gemaach hat. All Info ass fir d'Police vu Réimech ënnert der Nummer 244 77 1000.

Géint 16.40 Auer e Samschdeg krut eng eeler Damm vun enger "jonker Koppel" hir Kaart geklaut, dat beim Bankomat vun der Spuerkeess um Lampertsbierg. Zeie solle sech um 244 40 1000 mellen.

Back to Top
CIM LOGO