
Déi zwou Fraen hunn ënnert anerem vun Aggressiounen, Menacen a vulgäre Messagë vum Ugeklote géintiwwer dem Ana Lopes, zum Deel awer och vis-à-vis vun hinnen, geschwat. Eng Zeie sot, de Mann hätt hir eng Kéier indirekt domat gedreet, si an engem Auto ze verbrennen, an engem Bësch.
Dat, wat dem Ana dono geschitt ass, huet d'Fra bäigefléckt, déi déi Menace ni hannerfrot hätt, well si kee Kontakt mam Mann gewollt hätt. Fir dës Zeien, déi selwer eng Zäit mam Ana Lopes zesumme war, hätt de Beschëllegten dat spéidert Affer ënnert anerem mam Hals geholl. Si hätt awer net gesinn, dass hien hatt geschloen hätt. De Mann hätt och si eng Kéier mam Hals geholl a gebeetscht, d'Ana hätt iwwerdeems Menacen a vulgär Messagë vum Ugeklote kritt, wär Schëmmel a Bless vun him vernannt, verfollegt an och an der Schwangerschaft geschloe ginn. Wéi d'Ana mam Mann zesumme war, wär et ni eleng erausgaangen, mä ëmmer mat him. D'jonk Fra hätt gesot, si hätt net d'Recht, fir Frëndinnen ze gesinn. Dat spéidert Affer hätt e grousst Häerz gehat an ënnert anerem mat den Drogen opgehalen, wéi et schwanger gouf, well et onbedéngt e Kand gewollt hätt, sou déi 1. Zeien.
Déi zweet huet, zum Deel ënner Tréinen, ausgesot, dass een op d'Ana hätt kënnen zielen an et eng ganz gutt Mamm gewiescht wär. Och dës Fra huet betount, dass d'Schwangerschaft dem spéideren Affer säi Liewe komplett changéiert hätt, spréch dass et mat den Drogen opgehalen a just nach de Bouf gesinn hätt. D'Ana hätt awer och vun do u geännert, wéi et mam Mann zesumme koum. Hien hätt net gewollt, dass hatt mat senge Frëndinnen zesumme wär. D'Zeie sot nach, ni verstanen ze hunn, firwat d'Ana ëmmer erëm bei de Mann zréckgoung, mä hatt hätt gewollt, dass säi Fils e Papp hätt. D'Fra hätt och vulgär Messagë gesinn, déi de Beschëllegten dem Ana geschéckt huet. Dat hätt eng Kéier gesot: "Entweder ech verschwanne mat mengem Fils an Argentinien oder Dir fannt mech dout an engem Lach."
Dëse Prozess geet de Freideg de Moie virun.