Hotel als provisorescht Doheem2 Frontaliere ginn Abléck an hire Corona-Alldag

Monica Camposeo
Eng 330 Frontaliere sinn den Ament zu Lëtzebuerg an Hoteller ënnerbruecht.
Temoignage vun zwee Frontalieren
D'Frédérique Carré an de Laurent Messager wunnen den Ament an engem Hotel zu Lëtzebuerg, fir datt si wärend der sanitärer Kris net mussen hin an hier fueren.

Dat well si a Spideeler schaffen a virun allem elo wärend der sanitärer Kris nach méi gebraucht gi wéi och soss schonn.

D’Frédérique Carré an de Laurent Messager hunn eng laang Schicht hannert sech. Et wier eng aussergewéinlech Situatioun, déi nawell och Suergen bereet. D'Frédérique Carré, Infirmière an der Anästhesie CHL: "Ech wëll net léien, mir hunn Angscht. Ech hunn Angscht, wann ech gesi wéi d’Zuele vun den Infizéierten ëmmer an d’Luucht ginn, an och d’Fleegepersonal. A virun allem wann ech gesinn, dass vill Leit d’Mesurë vun der Ausgangsspär net respektéieren. Dat bréngt eis all a Gefor."

Am Spidol géing een sech gutt encadréiert fillen, ma den Aarbechtsalldag huet sech awer vill verännert.

De Laurent Messager, Infirmier an der Anästhesie CHL: "Mir hunn eng Versammlung moies an eng owes, fir d’Situatioun kënnen ze geréieren. Elo si mer nach an der Virbereedungsphas. Mir erwaarden eis, dass d’Fäll zouhuelen a mir probéieren, dat sou gutt et geet am Viraus ze plangen. Mir hunn eng gutt Kapazitéit fir ze reagéieren. Mee Raim ëmzefonctionéieren ass net einfach."

D'Frédérique Carré: "Mir mussen eis immens schützen, mir mussen nei Gewunnechte mat der Schutzkleedung léieren. An dat alles féiert awer zu Ängschten, sech selwer mam Virus ze infizéieren."

Ma och dowéinst hu sech déi zwee Frontalieren aus Frankräich direkt fir een Hotelszëmmer entscheet, wéi d’Propos koum. Hir Famille sinn net hei, och dat e bewosste Choix:

D'Frédérique Carré: "Fir mech war dat keng Fro, meng Famill matzehuelen. Wann ech haut hei sinn, dann ass dat fir si ze schützen an net fir si hei der Gefor auszesetzen, dass ech si hei ustiechen. Ausserdeem schafft mäi Mann och am Fleegesecteur a mir konnten net als Famill heihinner kommen."

Mee och de Fait, dass si elo vill manner laang brauchen, fir op d’Aarbecht ze kommen, ass e grousse Virdeel an enger Zäit, wou d’Aarbecht an de Spideeler ëmmer méi gëtt.

De Laurent Messager: "Aus Erfarung kann ech soen, dass et immens wichteg ass, sech auszerouen. Manner Zäit op der Strooss a soubal mir fäerdeg si mat schaffen, kënne mer heihinner kommen an eis och wierklech ausrouen."

D’Frédérique Carré an de Laurent Messager goufe scho vun hire fréieren Employeurë kontaktéiert, fir am Kader vun dëser sanitärer Krise nees a Frankräich schaffen ze goen. Dat hu si awer refuséiert.

D'Frédérique Carré: "Wann een dës Aarbecht huet, dann ass et fir d'Leit ze fleegen. Mir hunn dës Vocatioun, och wa mir haut Risiken aginn. Mir maachen eis Bescht, mir maache wat mer kënnen an da lass."

Back to Top
CIM LOGO