Op eise Stroossen2 Fürerschäiner bei Alkoholkontrollen agezunn an 3 Accidenter

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend missten d'Automobilisten zu Ierseng an der Route de Remich an zu Conter an der Route de Luxembourg an d'Testmaschinn blosen.
© RTL Archivbild

Alles an an allem goufen 326 Chauffeuren ugehalen, egal op si opfälleg gefuer sinn, oder net. A véier Fäll gouf een ze héijen Alkoholwäert festgestallt. Zwee Permise missten nach op der Plaz agezu ginn.

Der Police sinn awer nach eng Rei aner Infraktioune wärend de Kontrollen opgefall. Ee Chauffer konnt zum Beispill kee valabele Fürerschäi virweisen an an dräi Fäll konnt een d’Placke vum Auto net erkennen. An engem Fall sinn d’Luuchten net gaangen.

Da gouf nach zu Dikrech an der Ettelbréckerstrooss e Permis agezunn, well de Chauffer ze vill gedronk hat. Opgefall war dësen, well den Auto vir beschiedegt war. Bei den Ermëttlunge koum eraus, datt et dëse Schued gouf, well den Automobilist a säi Gefier kuerz virdrun an en Accident verwéckelt waren, de Chauffer hat e Potto vun enger Verkéiersinsel ze pake krut.

De CGDIS mellt dann 3 Accidenter zu deenen et en Donneschdeg de Moie komm ass.

Kuerz viru 7 Auer hate sech op der A3 bei Léiweng 2 Autoen ze pake kritt. D’Rettungsdéngschter vu Beetebuerg waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Géint 9.05 Auer war dann en Auto zu Lampech an de Gruef gefuer. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz vun Esch an de Rettungsdéngscht vu Monnerech waren am Asaz.

Eng Stonn drop gouf dann eng Persoun um Hamilius an der Stad ugestouss. De Rettungsdéngscht aus der Stad war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO