Fall vu Vergewaltegung2 Joer Prisong mat Sursis an 8.000€ Schuedenersatz

RTL Lëtzebuerg
Der jonker Fra no hat et keen Averständnis zum Sex ginn, fir de Mann dogéint séier wuel.
© RTL Archiv

Zwee Joer Prisong mat Sursis: Dat war d'Urteel en Dënschdeg am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad géint e Mann, deem de Viol, am Abrëll 2017 um Park&Ride Bouillon, vun enger jonker Fra virgehäit gi war.

An 1. Instanz war hien nach vum Virworf vun der Vergewaltegung fräigesprach ginn, deen dës Kéier awer zréckbehale gouf. De Mann muss dem Affer donieft ronn 8.000 € Schuedenersatz bezuelen.

Der jonker Fra no hat et keen Averständnis zum Sex ginn, fir de Mann dogéint séier wuel.

Back to Top
CIM LOGO