
Géint 6.40 Auer en Dënschdeg ass op der A1 a Richtung Stad e Motocyclist gefall a blesséiert ginn. Op der Plaz waren de Samu aus der Stad, d’Ambulanz vu Mäertert, grad ewéi d’Pompjeeë vu Mäertert a Fluessweiler.
An der Haaptstrooss zu Housen si géint 7.30 Auer zwee Gefierer anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Housen versuergt.
Op der A4 a Richtung Stad hat et kuerz virun 10 Auer geknuppt. Hei koumen zwee Autoen net laanschteneen, eng Persoun gouf blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanz vun Esch-Uelzecht a Monnerech.