Garer Quartier an der Stad2 Leit festgeholl wéinst Iwwerfall, 1 Mann wéinst Drogen- a Waffebesëtz

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moien hunn zwee Leit an der Rue d'Epernay op der Stater Gare enger Persoun hire Portmonni mat Gewalt wechgeholl.

Een Täter hätt d’Affer festgehalen, wéi den zweete Mann de Portmonni matgeholl hunn. Déi Zwee goufen no enger kuerzer Enquête festgeholl an haten um Donneschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Och um Mëttwoch war et een Iwwerfall mat Gewalt op der Paräisser Plaz op der Gare, wou d’Affer vu véier Leit mat Pefferspray attackéiert gouf an den Handy ofgeholl krut.

Déi véier Täter konnte fonnt a protokolléiert ginn, dorënner een, deen de Pefferspray a 14 Bullen Kokain bei sech hat. Hie gouf festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO