
Vun en Donneschdeg Hallefnuecht u muss een nees kräfteg an d'Täsch gräifen, wann een entweder Diesel tanke geet oder Masutt bestallt huet.
Beim Diesel ass et eng Hausse vu 15,9 Cent op dann insgesamt 2,024 Euro de Liter. Op deem Niveau stoung de Präis fir d'lescht Enn Mäerz dëst Joer. An och de Präis vum Masutt geet mat 15,5 Cent e gutt Stéck an d'Luucht a kascht domat en Donneschdeg 1,510 Euro de Liter.
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.