CGDIS2 liicht Blesséierter bei 2 Accidenter um Donneschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Géint 8.15 Auer waren an der Avenue Charles de Gaulle an der Stad e Bus an en Auto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf heibäi liicht blesséiert.
© CGDIS

Am Asaz waren d’Pompjeeën an d’Ambulanz vun Esch.

Géint 8.45 Auer gouf zu Stengefort an der Rue de Hobscheid e Motocyclist vun engem Auto ugestouss. Och hei gouf eng Persoun liicht verwonnt. D’Ambulanz vu Mamer war op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Pompjeeë vun Habscht a Stengefort.

Back to Top
CIM LOGO