CGDIS2 liicht Blesséierter no enger Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Käerjeng

RTL Lëtzebuerg
Um 8 Auer um Mëttwoch de Moie krute sech 2 Ween an der Lëtzebuerger Strooss zu Käerjeng ze paken.

Um 7.43 Auer koum et tëscht Kietscht an dem Risenhaff zu engem Accident vun engem Automobilist, dee sech derbäi liicht verwonnt huet.

Um 8.16 Auer hat een Auto zu Maacher an der Fluessweiler Strooss gebrannt. Et blouf beim Materialschued.

Um 9.40 Auer gouf et iwwerdeems ee Brand zu Ëlwen an der Rue de Millbich, méi genee an engem Haus am Keller. Kee Mënsch gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO