Schléiwenhaff a Fräiheetsbam2 Männer musse sech wéinst Mord u Prostituéiert an Drogendealer veräntweren

RTL Lëtzebuerg
Am November 2016 ware bannent e puer Deeg um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam d'Läiche vun zwou Persoune fonnt ginn.

En Dënschdeg de Moien huet um Stater Geriicht de Prozess géint zwee Männer vu 36 a 24 Joer ugefaangen, deene virgehäit gëtt, fir déi zwee Morden, respektiv fir ee responsabel ze sinn.

Um Schléiwenhaff war en Drogendealer vun du 36 Joer a beim Fräiheetsbam eng Prostituéiert vun deemools 27 Joer ëmbruecht ginn. Deen 1. Mord sollen déi zwee Ugekloten zesumme begaangen hunn, deen zweeten de méi ale Beschëllegten eleng. Bis haut belaascht an dëser Affär awer een deen aneren.

Duebelmord viru Geriicht / Reportage Eric Ewald

Um Ufank vun dësem net alldeegleche Prozess goung et an deem Sënn weider. Iwwerdeems den Haaptugeklote gemengt huet, hie wär bei der 1. Dot dobäi gewiescht, mä hätt mat där zweeter absolut guer näischt ze dinn, sot den zweete Beschëllegten, hie wär net domat d'Accord. Fir de Rescht hu déi Zwee éischter onintresséiert gewierkt, wéi wann dat Ganzt si näischt géif ugoen, besonnesch de méi alen Ugekloten.

De Geriichtsmedeziner, deen d'Autopsië vu béiden Affer gemaach hat, huet vun Iwwerschneidunge geschwat: De Mann an d'Fra hätten alle béid zwou Blessuren um Kapp gehat, well hinnen an de Kapp geschoss gouf, a si hätte keng Ofwierblessuren opweises gehat. Beim Mann waren d'Projektil am Kapp an 9 Bulle Kokain am Hals. De Schoss a säi Kapp wär opgesat gewiescht, iwwerdeems seng Loftweeër entweder duerch de Kokain verstoppt waren oder hien de Mond zougehale krut. Hie wär wuel relativ séier dout gewiescht.

Eng DNA-Expert huet erkläert, dass, wat d'männlech Läich ugeet, d'DNA vum méi alen Ugekloten ënner anerem op verschiddene Kleeder vum Affer fonnt gouf. Eng aner DNA konnt iwwerdeems net zougedeelt ginn. Wat d'weiblech Läich betrëfft, gouf nees deem méi alen Ugeklote seng op verschiddene Géigestänn, déi bei him doheem fonnt goufen, identifizéiert.

Zwee Polizisten, déi op d'Plaz vun der 1. Dot komm waren, hunn ausgesot, dass d'Läich vum Fierschter fonnt gi war a sech erausgestallt hätt, dass se just do placéiert gouf. De Mann wär anerwäerts ëmbruecht ginn.

Dëse Prozess, deen op am Ganzen 12 Sëtzungen ugesat ass, bis bal Enn Oktober, geet e Mëttwoch de Mëtteg virun.

LINK: Den Artikel mam Videoreportage vum November 2016 op RTL.lu

Back to Top
CIM LOGO