
E Sonndeg de Mëtteg kuerz no 14.30 Auer gouf an engem Café an der Rue de Strasbourg am Garer Quartier en aggressive Mann gemellt. Op der Plaz sinn d’Beamten op e staark alkoholiséierte Mann getraff, deen offensichtlech fir sech an anerer eng Gefor duergestallt huet. Doropshin huet de Mann d’Nuecht an der Ausniichterungszell misste verbréngen.
Géint 20.50 Auer goufen d’Beamten e Sonndeg dunn an d’Bouneweger Strooss an der Stad geruff, nodeems et an engem Café zu engem Sträit koum. Och hei konnt e staark alkoholiséierte Mann ugetraff ginn. Nodeems dëse refuséiert huet, de Café ze verloossen, koum och hie fir eng Nuecht an de Passagearrest.