
Well den Auto beschiedegt war, wollten d’Beamten e kontrolléieren. Beim Opfueren op d’Autobunn war den Auto du géint d’Leitplank gerannt. De Chauffer hat nach probéiert weiderzefueren. Säi Gefier war allerdéngs esou staark beschiedegt, dass dat net méi gaangen ass. Den Alkoholtest war positiv an de Chauffer krut de Fürerschäin ofgeholl.
Scho géint 17 Auer en Donneschdeg den Owend war eng Automobilistin bei engem Accident an der Rue d’Echternach zu Dummeldeng blesséiert ginn, wéi e Chauffer eng Virfaart ignoréiert hat. Och hei war Alkohol am Spill an dem Chauffer säi Führerschäi gouf agezunn.
Iwwerdeems krut d’Police ëm 22.50 Auer e Mann gemellt, deen an en Auto an der Rue de la Gare zu Ëlwen agebrach wier. D’Beamte konnten e presuméierten Täter ermëttelen. Dësen hat eng geréng Quantitéit Kokain a Pefferspray bei sech. Déi geklaute Géigestänn goufe séchergestallt.
Géint 23.30 Auer gouf d’Police iwwerdeems informéiert, datt ee Mann an der Stater rue de la Congrégation d’Diere vun engem Verwaltungsgebai aschloe géing. D’Beamten hunn de Mann am Gebai erwëscht, wéi e grad am gaange war, un de Kabele vun engem Computer ze hantéieren. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Freidegmoie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.