CGDIS2 Mol hat et e Samschdeg den Owend gebrannt

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt 2 Bränn, eemol géint 18.40 Auer zu Habscht an nach emol géint 22.30 Auer an der Stad.
© RTL Archivbild

An der Rue de l'Eau zu Habscht war et e Kamäibrand. Do waren d'Pompjeeë vun Habscht a Mamer am Asaz.

An der Stad an der Avenue de la Gare stoung e Stroumverdeeler a Flamen. Do waren d'Stater Pompjeeën op der Plaz.

Weider Detailer sinn net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO