
Si waren am Burgronn zu Esch-Uelzecht a 5 Gefierer agebrach, wéi si vun Awunner entdeckt goufen. Doropshin hu sech déi Onéierlech duerch d'Bascht gemaach a sinn an e Bësch an der Ëmgéigend geflücht. De Won, mat deem si ënnerwee waren, hu si dobäi stoe gelooss.
No engem Policeasaz konnte béid Männer net fonnt ginn, Plaintë vun de Besëtzer vun de concernéierte Gefierer goufen entgéintgeholl. D'Police huet eng Enquête opgemaach an de Won vun den 2 Onéierlecher, deen als geklaut gemellt war, op Uerder vum Parquet beschlagnaamt.