Bieles a Féiz2 Permise bei zwou groussen Alkohlskontrollen agezunn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend respektiv an der Nuecht op e Samschdeg gouf et zwou vum Parquet ordonéiert Kontrollen.

Déi Éischt war tëscht 23:00 Auer an 0:30 Auer an der Route d'Esch zu Bieles. Hei goufen 132 Automobiliste kontrolléiert, woubäi an engem Fall den erlaabte Minimalwäert iwwerschratt war. Hei gouf een Avertissement taxé ausgeschwat.

Vun 1:30 Auer bis 3:30 Auer da war d'Police zu Féiz um CR164 aktiv an hunn 105 Automobiliste kontrolléiert goufen. 100 Chaufferen duerfte weider fueren, an 5 Fäll huet et méi laang gedauert. Hei gouf et een Avertissement taxé a 4 Procés verbalen, wourënner 2 Permisen agezu goufen.

Dann hunn d'Beamten nach Permisen zu Miersch, zu Leideleng an dräi Mol an der Stad agezunn.

Tëscht Wäiswampech a Klierf hat e Chauffer d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer a war vun Fuerbunn ofkomm. Dobäi gouf e Luuchtepotto, eng elektresch Këscht an en Drot ëmgerappt. Dunn ass et nach 60 Meter duerch e Feld weidergaangen, dono ass d'Gefier wittert eng Hausmauer gerannt ass. D'Gefier hat en Totalschued, d'Mauer gouf beschiedegt an de Chauffer, deen ze vill gedronk hat, gouf liicht blesséiert. De Permis gouf him dono ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO