
Kuerz virun 18 Auer krut d'Police e Gefier zu Jonglënster gemellt. Den Alkoholtest ass beim Chauffer positiv ausgefall. Hie krut de Fürerschäin ewechgeholl.
Géint Hallefnuecht ass zu Stroossen en Automobilist duerch säi Fuerstil opgefall. Och hei war ze vill Alkohol am Spill. De Permis war nach op der Plaz fort.