
Déi onbekannt Männer waren iwwert en Drot geklommen an haten e puer Katalysatore vu Camionnetten ofmontéiert a matgoe gelooss. An der Rue de l'Industrie kruten déi alarméiert Policepatrullen e verdächtegen Auto gestoppt.
Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl a koume e Freideg virun den Untersuchungsriichter. Hiren Auto a 6 geklaute Katalysatore goufe séchergestallt. Déi krut de Proprietär spéider nees zeréck.