
Aktuell sinn 137 Persounen hospitaliséiert, dovunner 25 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.609 aktiv Infektiounen a 56.903 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
E Méindeg kruten 2.763 Persounen hir éischt Dosis, fir 365 Leit war et déi zweet. Am Ganze goufe bis ewell 89.684 Dosisse gesprëtzt.