Aarbechtsaccident2 Persoune sinn eng 7 Meter an d'Déift gefall

RTL Lëtzebuerg
Zu Déifferdeng an der rue Emile Mark koum et um Mëttwoch de Moien zu engem schroen Aarbechtsaccident, bei deem 3 Persoune schwéier blesséiert goufen.
Aarbechtsaccident zu Déifferdeng - 3 Schwéierblesséierter
Eng Putter hat sech vun engem Kran geléist, wouduerch eng Mauer zesummegefall ass. 2 Aarbechter si 7 Meter an d'Déift gefall.

Bei Montageaarbechten an enger Hal huet sech aus bis elo ongekläerter Ursaach eng Putter geléist, déi vun engem Kran gehale gouf. Doduerch ass eng Mauer zesummegefall an 2 Aarbechter sinn ongeféier 7 Meter an d'Déift gefall, woubäi se schwéier blesséiert goufen. En drëtten Aarbechter, deen och uewenaus um schaffe war, gouf net weider verwonnt.

Duerch d'Mauer, déi agefall ass, gouf e weideren Aarbechter schro blesséiert. All déi blesséiert Persoune goufen nach op der Plaz behandelt, éier se an d'Spidol koumen.

Souwuel d'Police, wéi och d'ITM goufen op d'Plaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO