Vun Enn August un2. Phas vum Large Scale Testing an der Chamber guttgeheescht

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg 27. Juli leeft déi éischt Phas nämlech u sech aus an eréischt Enn August soll déi zweet Phas ufänken.
2. Phas vun Teststrategie guttgeheescht
E Méindeg 27. Juli leeft déi éischt Phas nämlech u sech aus an eréischt Enn August soll déi zweet Phas ufänken.

Déi parlamentaresch Santéskommissioun war dofir en Dënschdeg de Moien nees beieneen, wou d'Verlängere vum landeswäite flächeméissege Covid-Testen diskutéiert gouf.

Ee Knackpunkt ass dobäi d'Verlängeren vun de Kontrakter vun den Test-Statiounen, bis de Marché publique vun der zweeter Phas ofgeschloss ass, sot eis no der Reunioun, den DP-Deputéierten Gusty Graas.

Extrait Gusty Graas

Kloer ass, dass an där zweeter Phas, déi also eréischt Enn August soll ulafen, manner wäert getest ginn, dofir awer méi cibléiert, sot eis de President vun der Santéskommissioun, de Mars Di Bartolomeo.

Extrait Mars Di Bartolomeo

Et géing ee sech op spezifesch Beräicher konzentréieren wéi zum Beispill op Entréen an d’Land. Méi geziilt sollen d’Tester och a Funktioun vun de Perioden sinn am Joer.

De Projet de loi vun der zweeter Phas gesäit emol eng Lafzäit vun 7 an engem hallwe Mount vir, bei engem Käschtepunkt vu 60 Milliounen Euro.

Méi also wéi de large scale testing deen op 40 Millioune plafonéiert war.

Afléissen an d'Strategie vun der zweeter Phas sollen dann och d'Erfarungen aus der éischter mat afléissen. Doriwwer gouf et um Dënschdeg awer nach keng Detailer.

De large scale testing leeft d’nächst Woch aus a well déi nei Strategie – wéinst den Delaie fir d’Marché Publicen – eréischt Enn August ufänkt, muss déi éischt Phas verlängert ginn.

Firwat ass dat esou? Ma well am Santésministère erëm net séier genuch geschafft gouf, sou de Georges Mischo, Deputéierte vun der CSV.

De Georges Mischo

D’Paulette Lenert sot „et gëtt kee Lach tëscht béiden Testphasen“, well parallel zum Large scale Testing-Projet d’Santé eng grouss Testcapacitéit hat an huet.

Datt esou kuerzfristeg déi nei Teststrategie huet missen decidéiert ginn, wier dorobber zeréckzeféieren, datt déi éischt Phas huet missen evaluéiert an déi nächst preparéiert ginn an dat bräicht eben Zäit.

Back to Top
CIM LOGO