
Wéi d’Police bis op der Plaz war, hate sech d’Gemidder nach net berouegt. Eng Persoun huet probéiert eng aner mat der Fauscht an d’Gesiicht ze schloen.
Well de Mann eng Gefor fir sech selwer, a fir anerer duergestallt huet, huet d’Police decidéiert, de Mann an de Passagearrest ze bréngen. Beim Transport op de Büro huet dee sech awer weider gewiert, wat och mat sech bruecht huet, dass zwee Déngschtween liicht beschiedegt goufen. Eréischt um Policebüro selwer, konnt de Mann sech berouegen.
An der Stad war enger Policepatrull géint 4.15 Auer e Chauffer duerch säi Fuerstil opgefall. Bei de Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat.
Um Sonndeg den Owend géint 21.40 Auer ass eng Automobilistin mat hirem Auto zu Diddeleng an der rue Mme Mayrisch de Saint Hubert an e Bam gerannt. Si gouf dobäi liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d’Spidol. Den Alkoholtest war positiv.
A béide Fäll gouf nach op der Plaz de Fürerschäin agezunn.