
Um Verwaltungsgeriicht hunn zwou Societéiten an hirem juristesche Sträit mat der Stater Gemeng a mam viregten Inneminister an 1. Instanz Recht kritt. Den Tribunal administratif huet nämlech d'Decisioun vum Stater Gemengerot vun Abrëll 2017, fir den neie PAG unzehuelen, an d'Decisioun vum Dan Kersch vun Oktober 2017, fir déi Entscheedung guttzeheeschen, annuléiert. Dat am Sënn, dass Parzellen zu Eech als „Secteur protégé d'intérêt communal de type «environnement construit»“ klasséiert goufen.
An deem enge Fall mussen d'Societéit zu 40 an d'Stad an de Staat zu 60% fir d'Fraisen opkommen, an deem anere sinn all d'Fraise fir d'Stad an de Staat.
De Stater Gemengerot hat am Juni 2016 säin Accord dozou ginn, fir d'Prozedur vum neie Plan d’aménagement général ze lancéieren. De Mount drop haten zwou Societéiten, déi am Ganze 6 Parzellen zu Eech hunn, hir Objektiounen dozou virbruecht. De Gemengerot hat de PAG nawell am Abrëll 2017 ugeholl, mat Ofännerungen. D'Gesellschaften haten de Mount dono beim Inneminister reklaméiert. Den Dan Kersch hat awer am Oktober 2017 gréng Luucht gi fir d'Decisioun vum Stater Gemengerot. D'Societéite waren am Januar 2018 dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass d'Stater Gemeng Recht huet, wa se seet, eng total Harmonie tëscht verschiddene Gebaier vun enger Strooss oder vun engem Quartier wär net néideg, fir déi oder deen als „Secteur protégé d'intérêt communal de type «environnement construit»“ ze klasséieren. D'Societéiten hate kontestéiert, dass en historeschen Intressi bestéing oder en Deel vun den Haiser an enger Strooss zu Eech en authentesche Charakter hätt. Op Fotoe wär keen Ënnerscheed z'erkennen tëscht klasséierten an net klasséierte Gebaier. D'Stad an de Staat kéinten net justifizéieren, firwat d'betraffe Gebaier authentesch an Zeie vun der Geschicht wären. Dat wären awer Krittären, fir kënnen als „Secteur protégé d'intérêt communal de type «environnement construit»“ klasséiert ze ginn.
Wann d'Haiser an där Strooss och gréisstendeels Aarbechterhaiser sinn, déi am Ufank vum leschte Joerhonnert vun der ARBED gebaut goufen, sou wär awer näischt dozou virgeluecht ginn, dass et en historeschen Intressi gëtt an d'Gebaier authentesch sinn. An der Virbereedungsetüd zum PAG stéing och näischt dozou, dass vun der ARBED gebauten Aarbechterhaiser dem ganze Quartier e schützenswäerte Charakter géife ginn. Well de Klassement an e „Secteur protégé d'intérêt communal de type «environnement construit»“ net genuch justifizéiert wär, wären déi entspriechend Decisiounen z'annuléieren.
Donieft huet den Tribunal administratif och nach de PAP «quartier existant» du secteur protégé des Ensembles Sensibles annuléiert, wat d'Parzelle vun de Societéiten ugeet. An dëser Affär mussen d'Stad an de Staat 50/50 fir d'Fraisen opkommen.