
Wéi d'Police e Freideg an hirem Police-Bulletin schreift, wieren d'Männer net méi zeréckfonntginn. Si ware kuerz no 15 Auer en Donneschdeg de Mëtteg an een Haus agebrach, d'Besëtzerin hat si am flagranti erwëscht.
Och zu Drénkelt hunn en Donneschdeg Persoune laang Fanger kritt. Géint 19.30 Auer si Brigangen an een Haus agebrach, andeems si eng Leeder benotzt hunn.
Iwwert eng Fënster am éischte Stack hu si sech Accès an d'Gebai verschaf a sinn duerno geflücht. Och hei konnten d'Poliziste kee méi pëtzen.