
Geschitt ass den Abroch an der rue Henri Thill um Briddel, 2 Täter sinn zënterhier op der Flucht. Béid Männer sinn tëscht 20-25 Joer al, hunn eng hell Hautfaarf a kuerz brong Hoer. D'Persounen hu sech der Police no a Richtunge rue de Luxembourg ewechgemaach.
Wéi ëmmer bei esou Fäll mécht d'Police den Appell, keng Persoune mam Auto matzehuelen, déi een net kennt. All Informatioune si fir den 113.