
D'Zuel vu Covid-positive geteste Leit geet och hei am Land weider an d'Luucht: iwwert d'lescht Woch gekuckt, waren et ronn 550 Fäll, wat ronn e Fënneftel méi ass, wéi nach d'Woch virdru mat 460 Nei-Infektiounen, dat bei ronn 38.700 Tester bei Residenten iwwert d'lescht Woch gekuckt.
D'lescht Woch sinn iwwerdeem 2 weider Doudesaffer op d'Suitte vum Covid zeréckzeféieren, aktiv Infektioune ginn et der ronn 1.000, iwwerdeem 7.800 Leit als geheelt gëllen.
Op en Neits bleift et dobäi, datt sech déi meescht vun de Leit mam Corona-Virus am familiären Ëmfeld ugestach hunn - dëst mécht all 4. Fall aus. 13% vun de positive Fäll sinn op Vakanzen zeréckzeféieren.
D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Leit geet liicht erof, fir sech op 38 Joer ze chiffréieren.

D'Kontakter vun den Infizéierte mat ronn 4.600 anere Persoune bleiwen op engem héijen Niveau stabel.
Den Inzidenz-Taux ass nees op ënner 100 gefall a situéiert sech bei 88 Fäll op 100.000 Awunner.
D'lescht Woch waren eng 1.500 Persounen a Quarantaine, 40% manner wéi virdrun, iwwerdeem ronn 1.100 infizéiert Leit am Isolement waren.