
Vun 9.492 Tester waren der 152 positiv.
Aktuell sinn 100 Persounen hospitaliséiert, dovunner 20 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.929 aktiv Infektiounen an 52.062 Persoune gëllen als geheelt.
562 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 766 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 39.121 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.